Dachstuhlbrand Nospelt

am Sonntag, 13. November 2016 18:14.

Sonndeg den 13. November géint 03h30 waren de Centre d’Incendie et de Secours vu Kielen, Mamer a Käerch op Nouspelt geruff ginn wou den Daach vun engem Haus grad wéi zwee Zëmmeren a Flaamen stoungen.

En éischten Binôme mat Otemschutz ass direkt eragaangen fir d’Feier ze bekämpfen. 5 Minutten drop ass een zweeten Binôme mat Otemschutz nogaangen. Iwwerdeems ass d’Feier vu baussen um Daachstull mat engem „Teleskopmastfahrzeug“ (TMF) bekämpft ginn.

No 20 Minutten war d’Feier ënner Kontroll, an d’Sich no den Brandnäschter ass ugaangen. Doduerch datt bei engem Daachstullbrand d’Gefor besteet datt d’Feier sech am Daachstull ausbreet ouni datt een dat vu baussen gesäit, muss deen groussflächeg opgemaach ginn an och extrem genau mat enger Wärmebildkamera kontrolléiert ginn. Dat ass eng extrem personalintensiv Aufgab, well mat den néidegen Secherheetsvirgaben d’Leit am Geforeberäich mat Otemschutz mussen schaffen. Bedéngt doduerch, ass um 04h10 eng Alerte Générale fir Mamer gepiipst ginn fir weider Personal op Plaz ze kréien. Et waren am ganzen 16 Leit mat Otemschutz am Asaz.

No de Läschaarbechten gouf den Daach nach zougedeckt. De Bewunner vum Haus ass näischt geschitt, allerdéngs ass d’Haus bis op weideres onbewunnbar. Den Asaz war no 6 Stonnen fir déi meescht Leit eriwwer. Een Tankwon ass mat dräi Leit als Brandwaach op der Plaz bliwwen.

Op der Plaz waren den CIS Kielen mat 5 Gefierer an 15 Leit, den CIS Mamer mat 4 Gefierer an 15 Leit, den CIS Käerch mat 2 Gefierer an 6 Leit, den Regionalinspekter adjoint, d’Police an den Buergermeeschter vu Kielen.

Fotoen an Text: CIS Kehlen

Share

Dachstuhlbrand Hobscheid

am Sonntag, 13. November 2016 18:08.

E gréissert Feier gouf et den Nomëtten an der rue du Cimetière zu Habscht. Hei koum et zu eng Brand an engem Ubau vun engem Eenfamilienhaus. Wäerend dem Asaatz huet d'Feier iwwergegraff op den Dachstull sou dass huet missen mam Teleskopmast vum Centre d'Incendie et de Secours Mamer den Daach opgemeet ginn fir d'Feier zeläschen. Gleichzeiteg hun mei Otemschutzéquipen d'Feier vun bannen enner Kontroll bruecht an Nopeschhaus virun engem Iwwergréifen vun de Flammen protégeiert.
Den Asaatz huet sech bis an de spéiden Owend eran gezunn, bis dass alles ofgeläscht war. De Materielleschued ass grouss an d'Haus ass praktesch onbewunnbar.
Iwwert den ganzen Owend get vun der Permanencenéquipe eng Brandwacht garanteiert.
Op der Plaatz war den CIS Habscht mat 29 Leit, ennerstëtzt vun de Kollegen vun Simmer, Käerch, dem Centre d'Incendie et de Secours Steinfort an enger Ambulanz vum Centre d'Incendie et de Secours Redange/Attert.
Ausserdeem waren op der Brandplaatz de Regionalinspekter adj. vun der Régioun Centre, de Buergermeeschter vun der Gemeng Habscht, d'Permanence vum Service Technique vun der Gemeng, Police Grand-Ducale an d'Creos.

Text: CIS Habscht
Fotoen: CIS Mamer

Share